PASS Access Systems

Gerard ter Veen, Pass access systems (NL):
“D’Internationaliséierung ass dem Ruben ze verdanken”

“Ech schaffen zanter 25 Joer mat Bam Bormet zesummen, ech hunn de Ruben scho kannt, do war hien nach e klenge Bouf. Ech hu materlieft, wéi hien an der Entreprise ugefaangen huet. Fir d’éischt am Kader vu senge Studien, spéider virun allem als Software-Entwéckler.

An de leschte Joren, zënter datt hien d’Entreprise geréiert, goufen et enorm Fortschrëtter: d’Internationaliséierung virun allem, an d’Plënneren an nei a méi grouss Gebaier.

Während esou aarbechtsintensive Perioden ass de Risk grouss, d’Kerngeschäft an d’Clienten aus den Aen ze verléieren, ma de Ruben regelt dës Saache séier an akkurat, wann Dir hien dorop uschwätzt. Hien ass fir all Gespréich op, och fir méi däreg Ugeleeënheeten, a schafft schwéier, fir d’Effizienz ze steigeren an esou de Produktiounsprozess an d’Produite selwer ze optimiséieren.

De Grond, firwat ech zanter esou ville Jore mat Bam Bormet zesummeschaffen ass d’Qualitéit vun hire Produiten. Et kann een nëmmen eng laangfristeg Zesummenaarbecht opbauen, wann de Produit vun Top-Qualitéit ass.

D’Strategie vun der Internationaliséierung vun der Entreprise ass am Moment ganz clever, an esou ass et nëmmen normal, datt si nei Appel d’offere gewannen, wéi z.B. d’Zougangssystemer vum Flughafen Schipol. Dat ass virun allem dem Ruben ze verdanken.“