D’Konsumente si berechtegt, Bormet bvba ze informéieren, datt si de Kaf vun engem Produit oflehnen, ouni dofir eng Penalitéit mussen ze bezuelen oder hir Grënn dofir ze nennen, wann si dat bannent de 14 Deeg ab dem Dag nom Liwwerungsdatum vum Produit.

Kontaktdetailer vun der Entreprise
Bormet bvba
Ambachtsstraat 1137, 3850 Nieuwerkerken
BE0414651838
info@bambormet.be
Tel: +32 11 31 26 56
Fax: +32 11 31 65 66

Artikel 1: Allgemeng Bestëmmungen

Den E-Shop vu Bormet bvba, mat Sëtz zu Ambachtsstraat 1137, 3850 Nieuwerkerken (Belsch), TVA-Nummer BE0414651838, (heidrënner ’Bormet bvba’ genannt) proposéiert de Clienten, online Produiten ze kafen.
Déi aktuell allgemeng Geschäftsbedéngungen ("Bedéngugen") gëlle fir all d’Produiten aus dem Sortiment vu Bormet bvba a fir all Akaf, deen de Client bei Bormet bvba mécht.

DE Client akzeptéiert, datt dës Bedéngungen déi eenzeg Bedéngungen sinn, déi zoutreffen, ënner Ausschloss vun sengen eegenen allgemenge Geschäftsbedéngungen oder spezifesch Kafbestëmmungen, och déi, déi stipuléieren, datt se exklusiv zoutreffen.

Artikel 2: Präis

All d’Präisser, déi ugi sinn, beinhalten déi belsch TVA an all aner Steier, déi fir de Client obligatoresch ass. Wa Liwwerungs-, Reservatioun- oder Gestiounskäschten ufalen, da sinn déi eenzel uginn.
D’Präisberechnung gëllt exklusiv fir d’Artikel, wéi se buchstäblesch beschriwwe sinn. D’Foto vum Artikel ass nëmme fir dekorativ Zwecker a kann Elementer enthalen, déi net am Präis abegraff sinn.

Artikel 3: Offer

All d’Offere gëllen nëmme fir Cliente mat Wunnsëtz an der Europäescher Unioun. D’Produite sinn exklusiv bestëmmt fir den normalen, private Gebrauch.
Och wann de Katalog an de Website mat gréisster Suergfalt zesummegestallt goufen, kann et sinn, datt se net vollstänneg, inhaltlech falsch oder net méi aktuell sinn.
Wann Dir spezifesch Froen hutt, z.B. iwwer d’Gréissten, d’Faarwen, d’Disponibilitéit, d’Liwwerung, kontaktéiert w.e.g. eise Service Client am Viraus (kuckt Artikel 12)

A Bezuch op d’Richtegkeet, d’Aktualitéit an d’Vollstännegkeet vun den disponibelen Informatiounen, ass Bormet bvba nëmmen duerch d’Obligatioun verflicht, dat Bescht wat seng Fäegkeet betrëfft ze maachen. Bormet bvba haft a kengem Fall fir iergendwellech inhaltlech, typografesch oder Dréckfeeler.

D’Offer gëllt esou laang bis de Stock eidel ass a kann zu all Moment vu Bormet bvba adaptéiert oder zeréckgezu ginn.

Bormet bvba ass berechtegt Commanden ze refuséieren, Liwwerungsperioden ze änneren, Liwwerungen ze deelen oder aner Bedéngungen un d’Liwwerung ze bannen, ouni dofir Grënn mussen ze nennen.

Article 4: Online akafen

D’Cliente kënnen Artikel aus dem Sortiment vu Bormet bvba online kafen.

De Kaf trëtt a Kraaft, wann de Client eng Bestätegungsemail vu Bormet bvba kritt. Den Artikel gëtt bei de Client Heem um Liwwerungsdatum, deen an der Bestätgeungsemail steet, geliwwert.

D’Cliente kënnen tëschent folgende Bezuelungsmethode wielen:

- Kreditkaart
- Debitskaart
- Virement.

Artikel 5: Eegentumsvirbehalt

De geliwwerten Artikel bleift den exklusiven Eegentum vu Bormet bvba bis de Client fir e bezuelt huet.
De Risk vu Perte oder Schued geet bei der Liwwerung vum Artikel un de Client. Falls néideg, ass de Client verflicht, Drëttpersounen ze informéieren, déi komm si fir all Artikel, deen nach net bezuelt ginn ass, ze beschlagnahmen am Kader vum Eegentumsvirbehalt vu Bormet bvba.

Artikel 6: Penalitéiten am Fall vun Net-Bezuelung

Ouni Impakt op d’Ausübung vun de Rechter, déi Bormet bvba am Fall vun enger Net-Bezuelung oder engem Retard an der Bezuelung ausübt, muss de Client en Zënzsaz vun 10% pro Joer um Montant bezuelen, deen net zum legalen Datum bezuelt gouf, an dat ouni Demande. De Client muss och eng fix Kompensatioun vun 10% op dem Montant mat engem Miniumum vu 25€ pro Rechnung bezuelen, an dat ouni Demande.
Ouni Impakt op dat, wat uewe genannt gouf, ass Bormet bvba berechtegt, Produiten zeréckzefroen, déi nach net (ganz) bezuelt goufen.

Artikel 7: Reklamatiounen

All siichtbar Schied an/oder qualitativ Defekter vun engem Produit oder all aner Anomalie bei der Liwwerung musse gaangs gemellt ginn, fir datt d’Rechter net oflafen.

Artikel 8: Garantie

Déi geliwwert Produiten sinn 2 Joer garantéiert géint Material- a Fabrikatiounsfeeler. Mat der Garantie ginn d’Produite gratis ersat oder gefléckt. D’Aarbechtskäschte sinn 1 Joer garantéiert. D’Plënnerungskäschte ginn nëmme fir 1 Joer garantéiert wann den Artikel vun eisem Service installéiert gouf a si limitéiert op en Ëmkrees vun 100 km vun eise Geschäftsraimlechkeeten.

a. Gesetzlech Garantie (nëmme fir eis Clienten)
Entspriechend dem Gesetz vum 21. September 2004 iwwer de Schutz vun de Konsumente beim Verkaf vu Konsumgidder, hunn d’Konsumente gesetzlech Rechter.
All Produit profitéiert vun dëser gesetzlecher Garantie ab dem Datum vum Kaf vun (oder Liwwerung un) dem éischten Eegentümer.
All kommerziell Garantië loossen dës Rechter intakt.

b. Allgemeng
Fir d’Garantie ze invoquéieren, mussen d’Clienten de Beleeg vum Kaf presentéieren.

Wann e Produit online kaf an dem Client Heem geliwwert gouf, muss de Client de Service Client vu Bormet bvba kontaktéieren an duerno de Produit op seng eege Käschten Bormet bvba zeréckschécken.

D’Konsumente mussen all Defekt bannent 2 Méint nodeems si e festgestallt hu mellen. No dëser Period lafen all d’Rechter u Reparatioun oder Ersetzen of.

Déi (kommerziell an/oder gesetzlech) Garantie gëllt ni fir Defekter duerch Accidenter, Noléissegkeet, anormaalt oder falscht Benotzen, Benotze vum Artikel ënner Verstouss géint d’Gebrauchanweisung oder d’Handbuch, Upassungen oder Ännerungen um Artikel, schlechten Entretien oder anormaalt oder falscht Benotze.

Si gëllt och net fir Produite mat engem méi kuerze Liewenszyklus oder Verschläissproduiten.
Defekter, déi no enger Period vu sechs Méint no dem Kafdatum optrieden, kënne net als verstoppten Defekter ugesi ginn, ausser wann de Client de Contraire beweise kann.

D’Garantie kann net iwwerdroe ginn.

Artikel 9: Récktrëttsrecht

D’Bestëmmunge vun dësem Produit treffen nëmmen op Clienten zou, déi Produiten online als Konsumente kafen:
D’Konsumente si berechtegt, Bormet bvba ze informéieren, datt si de Kaf vun engem Produit oflehnen, ouni dofir eng Penalitéit mussen ze bezuelen oder hir Grënn dofir ze nennen, wann si dat bannent de 14 Deeg ab dem Dag nom Liwwerungsdatum vum Produit.
D’Clienten, déi vun dësem Recht profitéiere wëllen, mussen de Service Client vu Bormet bvba bannent 14 Deeg no der Liwwerung kontaktéieren an de Produit bannent 20 Deeg no senger Liwwerung op hir eege Käschten un d’Adress Bormet bvba, Ambachtsstraat 1137, 3850 Nieuwerkerken zeréckschécken.
Produite vun engem Verkafspräis vun 100 Euro oder méi musse per Coursier un eis zeréckgeschéckt ginn (DHL, FedEx, etc.).
Et kënnen nëmme Produiten an hirer origineller an intakter Verpakung mat all den Accessoiren, Benotzeruweisungen an der Rechnung oder dem Kafbeleeg zeréckgeschéckt ginn.

Folgend Récksendunge ginn ënner kengen Ëmstänn akzeptéiert:
- gebrauchten, knaschteg, futtis oder net vollstänneg Produiten
- Produiten, bei deenen d’Verpakung oder en Deel dovun opgemaach gouf
- Moossgeschneidert Produite fir de Client
- Produiten, déi duerch hir spezifesch Charakteristiken net zeréckgeschéckt kënne ginn.

Artikel 10: Privatsphär

Bormet bvba verflicht sech, Är Donnéeën nëmmen ze gebrauche fir d’Ausféiere vum Kontrakt, deen Dir agaange sidd, andeems Dir eng Commande opginn hutt, an Iech onverbindlech Informatioune vu Bormet bvba zoukommen ze loossen. Wann Dir och Informatiounen iwwer E-Mail erhale wëllt, da gitt w.e.g. och Är E-Mail-Adress un.

Mir behandelen Är perséinlech Donnéeë wéi vertraulech Informatiounen a mir wäerten dës ni un Drëttpersounen weiderginn, astellen oder verkafen. Dir sidd zu all Moment berechtegt, Är perséinlech Informatiounen unzefroen, se ze verbesseren, ze änneren oder se ze läschen, déi mir an eiser Clientslëscht gespäichert hunn an Dir kënnt d’Erlabnis vu Bormet bvba refuséieren, Är perséinlech Donnéeën ze gebrauchen, fir Iech Informatiounen ze schécken. Dofir braucht Dir nëmmen Är Ufro schrëftlech ze schécken un d’Adress hei drënner: Ambachtsstraat 1137, 3850 Nieuwerkerken.

D’Cliente sinn dofir verantwortlech, hir Log-In Donnéeën an hir Passwierder vertraulech ze behandelen.  Äert Passwuert gëtt codéiert, wann et gespäichert gëtt. Bormet bvba huet also keen Zougang drop.
Bormet bvba respektéiert dat belscht Gesetz vum 8. Dezember 1992 iwwer de Schutz vun der Privatsphär am Kader vum Traitement vun de perséinlechen Donnéeën. Dir hutt Zougang zu all Ären Donnéeën iwwer Iech via Äre Benotzerprofil an Dir kënnt dës Informatioune konsultéieren, änneren oder läschen.
Bormet bvba benotzt Cookies. Cookies ass eng Standard-Internet-Technologie, déi et erméiglecht, spezifesch Informatiounen op dem User sengem System ze späicheren an ze entspären.  Cookies kënnen net gebraucht ginn, fir Persounen ze identifizéieren; e Cookie kann nëmmen eng Maschinn identifizéieren. All Internet-User ka d’Astellunge vu sengem Computer änneren, fir ze verhënneren, datt de Computer Cookies akzeptéiert. Wann Äre Computer d’Cookies awer net akzeptéiert, kënnt Dir eventuell Problemer bei der Commande begéinen. Wann dat de Fall ass, da kontaktéiert eis w.e.g. fir datt Dir awer Är Commande maache kënnt.
Bormet bvba huet online (anonym) Visiteursstatistiken, fir ze gesinn, wéi oft all Säit vun eisem Website besicht gëtt. Wann Dir Froen zu der Dateschutzerklärung hutt, da kontaktéiert eis iwwer E-Mail un info@bambormet.be.

Artikel 11: Wäerthaltegkeet - Net-Oftriedung

Falls iergendeng, egal wéi eng, Bestëmmung vun dëse Bedéngunge fir net gülteg sollt erkläert, rechtswiddreg, nichteg ginn, beeinträchtegt dëst a kenger Weis d’Gültegkeet, d’Rechtsméissegkeet an d’Uwendbarkeet vun de restleche Bestëmmungen.

Den Echec zu iergend engem Zäitpunkt vu Bormet bvba fir een an  dëse Bestëmmunge festgeluechte Rechter duerchzesetzen oder esou e Recht auszeüben, gëtt ni als Oftriedung vun der Bestëmmung ugesinn a wäert ni d’Gültegkeet vun dëse Rechter beeinträchtegen.

Artikel 12: Service Client vu Bormet bvba

Dir kënnt de Service Client vu Bormet bvba iwwer Telefon um  +32 11 31 26 56, iwwer E-Mail un info@bambormet.be oder per Courrier u folgend Adresse kontaktéieren: Ambachtsstraat 1137, 3850 Nieuwerkerken

Artikel 13: Ännerunge vun de Bedéngungen

Dës Bedéngungen ginn duerch aner Bedéngungen ergänzt, déi ausdrécklech ernimmt ginn am Kader vun den allgemenge Geschäftsbedéngunge vu Bormet bvba. Wa se a Konflikt matenee stinn, iwwerweien dës aktuell Bedéngungen.

Bormet bvba ass zu all Moment berechtegt, dës Bedéngungen ouni Ukënnegung ze änneren. All Akaf no esou Ännerungen implizéiert, datt de Client dës nei Bedéngungen akzeptéiert.

Artikel 14: Beweis

De Client akzeptéiert, datt déi elektronesch Kommunikatiounen a Backups als Beweis dénge kënnen.

Artikel 15: Applikabelt Recht, kompetent Geriicht

Dat belscht Recht gëllt mat Ausname fir Bestëmmunge vum internationale private Recht iwwer dat applikabelt Recht an d’Roum-I-Bestëmmung iwwer international Verkafsverträg vun de bewegleche Gidder. Am Fall vun engem Sträitfall sinn exklusiv d’Bezirksgeriichter vun Hasselt kompetent.